D'Bibliothéik

LU:

Mir hu ronn 22.000 Medie fir eis Lecteuren!
Hei treffe sech Leit, déi gären
an enger frëndlecher Ambiance liesen.
Mir hu Bicher a véier Sproochen: Däitsch, Lëtzebuergesch, Franséisch an Englesch.
Dir fannt niewent aktuelle Bicher fir Grouss a Kleng och klassesch Lektüren, Sachbicher zu aktuellen Themen, Sproochcoursen, Lexikonen an Dictionnairen.
Natierlech bidde mir och Zäitschrëften a Lauschterbicher (Hörbücher) un.
An eisem « Internet-Eck » stinn zwee PCe fir de Public.
Donieft bitt eis Bibliothéik verschidden Aktivitéiten un:

  • Workshoppen a Coursen (Kreativ Schreiwateliere fir Erwuessener a fir Kanner, Orthographie-Coursë fir d’Lëtzebuerger Sprooch, Seminäre fir d'Kommunikatioun ze verbesseren, …)
  • Aktivitéiten am Zesummenhang mam Buch (z.B. „Bicher am Gespréich = Literaturzirkel, Gespréich iwwer d’LITERAtur a MUSik= LITERAMUS)
  • Eng Kéier pro Mount, Samschdes: Märercher an aner Geschichte fir KIDs vun 3-4 Joer.
  • Tables rondes a Konferenzen zu aktuellen Themen
  • Visitte vun eiser Bibliothéik fir Schoulklassen (max 16 Schüler*innen) op Ufro
  • Bicherdëscher oder eng Valise mat Bicher fir e speziellt Thema op Ufro
    (Tel. 32 50 23-551 vun 10h-14h)
FR:

Environ 22.000 médias vous attendent!
C’est un lieu de rencontre pour tous les amateurs de la lecture dans une ambiance accueillante.
Nous offrons des livres en anglais, français, allemand et luxembourgeois.
Vous
trouverez la littérature actuelle pour petits et grands, des classiques,
des encyclopédies, des documentaires – ainsi que des magazines et des livres audio et des Tonies.
Dans notre « Espace Internet » deux ordinateurs sont à votre disponibilité.
Nous vous proposons également d'autres activités, comme p.ex. :

  • Ateliers et cours (Écriture créative, orthographie luxembourgeoise, communication etc.)
  • Cercles de lectures
  • Conférences
  • Expositions
  • Lectures
  • Tables rondes
  • Visites guidées pour des classes scolaires des communes conventionnées (max. 16 élèves) sur rendez-vous 
    (Tel. 32 50 23-551 de 10h à 14h heures)