Start
27/04/2024 10:30
End
27/04/2024 13:00
Address
2. Stack Mierscher Lieshaus
Mierscher Lieshaus, 55 Rue Grande-Duchesse Charlotte, Mersch
Wann Dir de blockéierten Inhalt luet, ginn Är Privatsphär-Astellungen ugepasst. Inhalter vun dësem Service ginn an Zukunft net méi blockéiert. Dir hutt d'Recht Är Entscheedung zu all Moment zréckzezéien oder ze änneren.
Fir méi doriwwer rauszefannen, besicht eis Dateschutzerklärung, Impressum a Cookie-Astellungen
Informatiounen
Schreifatelier
mam Manon Della Siega
Den Atelier ass gratis, eng Umeldung ass obligatoresch.
Et gi 5 verschidden Datumer mat ënnerschiddlechen Theemen ugebueden. Dir kënnt Iech fir een, e puer oder all Datumer umellen:
24.02.24:
Poetesch Spillereien
16.03.24:
Biografescht Schreiwen
27.04.24:
Märche-Werkstatt
11.05.24:
Konschtwierker zum Liewen erwächen
29.06.24:
Schreifpromenad duerch d’Natur
Beschreiwung:
Hues du Freed um Schreiwen? Bass du op der Sich no spannenden an inspiréierende Schreifiddien? Hues du Loscht op Austausch an engem conviviale Kader? Jo?
Da bass du bei eis genee richteg! Mir treffen eis fir zesumme kreativ ze schreiwen (op déi Sprooch ob déi s du Loscht hues) an eis iwwert eis Texter auszetauschen.
Fir ween? Fir jiddereen ab 16 Joer, dee motivéiert ass kreativ ze schreiwen (keng Virkenntnesser erfuerderlech).
Umeldung: kontakt@mierscher-lieshaus.lu oder 32 50 23 550