Kreatiivt Schreiwen (LU, DE, FR, EN)

Kreatiivt Schreiwen (LU, DE, FR, EN)

Start

16/03/2024 10:30

End

16/03/2024 13:00

Address

2. Stack Mierscher Lieshaus

Mierscher Lieshaus, 55 Rue Grande-Duchesse Charlotte, Mersch

Informatiounen

Schreifatelier 
mam Manon Della Siega

Den Atelier ass gratis, eng Umeldung ass obligatoresch.

Et gi 5 verschidden Datumer mat ënnerschiddlechen Theemen ugebueden. Dir kënnt Iech fir een, e puer oder all Datumer umellen:

24.02.24:
Poetesch Spillereien 
16.03.24:
Biografescht Schreiwen
27.04.24:
Märche-Werkstatt
11.05.24:
Konschtwierker zum Liewen erwächen 
29.06.24:
Schreifpromenad duerch d’Natur 

Beschreiwung:
Hues du Freed um Schreiwen? Bass du op der Sich no spannenden an inspiréierende Schreifiddien? Hues du Loscht op Austausch an engem conviviale Kader ? Jo? 

Da bass du bei eis genee richteg! Mir treffen eis, fir zesumme kreativ ze schreiwen (op déi Sprooch op déi s du Loscht hues) an eis iwwert eis Texter auszetauschen.

Fir ween? Fir jiddereen ab 16 Joer, dee motivéiert ass kreativ ze schreiwen (keng Virkenntnesser erfuerderlech)