Start
20/01/2024 10:30
End
20/01/2024 11:15
Address
1. Stack Mierscher Kulturhaus
Mierscher Kulturhaus Asbl, 53 Rue Grande-Duchesse Charlotte, Mersch
Wann Dir de blockéierten Inhalt luet, ginn Är Privatsphär-Astellungen ugepasst. Inhalter vun dësem Service ginn an Zukunft net méi blockéiert. Dir hutt d'Recht Är Entscheedung zu all Moment zréckzezéien oder ze änneren.
Fir méi doriwwer rauszefannen, besicht eis Dateschutzerklärung, Impressum a Cookie-Astellungen
Informatiounen
D'Liesung ass komplett. Wann Dir Iech elo umellt, kommt dir op d'Liste d'attente.
D'Schrëftstellerin Renée Weber liest hiert Buch "Dem Louis seng Nues" vir.
Fir Kanner vu 5 Joer un.
Wéini? - Samschdes, den 20. Januar 2024 um 10h30
Wou? - Um 1. Stack vum Mierscher Kulturhaus
Gratis Entrée
Umeldung obligatoresch ënner 32 50 23 550 oder op kontakt@mierscher-lieshaus.lu
Mat der Ënnerstëtzung vum Mierscher Kulturhaus organiséiert.
D'Buch ass beim Verlag Op der Lay erauskomm.
Dem Louis seng Nues
Extrait:
D’Lou huet moies d’Riddo vun der Fënster opgezunn an deen éischte Moment näischt méi gesinn. Alles war wäiss dobaussen. Wéi hatt méi genee gekuckt huet, huet et gesinn, datt dat Wäisst Millioune vu Schnéiflacke waren, déi d’Landschaft virun der Fënster an eng wäiss Märchewelt verwandelt hunn.
„Endlech Schnéi!“, huet d’Lou geruff a vu Freed an d’Hänn geklappt. Dee ganze Wanter hat hatt op Schnéi gewaart, mee et war ëmmer gro a reenereg dobausse gewiescht.
Séier wéi de Blëtz huet hatt sech ugedoen an ass d’Trapen erofgelaf. Bei der Hausdier stoung d’Lilly, dem Lou säi klengen Hond, schonn op hatt ze waarden.
„Lilly, et schneit“, huet d’Lou geruff.