Kënschtlech Intelligenz - Workshop mam Carlo Thimmesch

Kënschtlech Intelligenz - Workshop mam Carlo Thimmesch

Start

16/01/2024 19:30

End

16/01/2024 21:00

Address

2. Stack Mierscher Lieshaus

Mierscher Lieshaus, 55 Rue Grande-Duchesse Charlotte, Mersch

Informatiounen

Kënschtlech Intelligenz
E Workshop fir Erwuessener a Jugendlecher vu 16 Joer un

Mellt Iech fir ee vun zwee méiglechen Datumer un: Dënschdeg, 16. Januar oder Donneschdeg, 25. Januar 2024
Auerzäit: 19h30 – 21h00
Moderatioun: Carlo Thimmesch (Enseignant & Medien-Spillpedagog)
Um 2. Stack vum Mierscher Lieshaus, gratis Entrée.

Gäre kann een Tablet, Laptop oder Smartphone matbréngen.
Wann Interessi besteet, kann een zweete Workshop organiséiert ginn, fir ganz konkreet mat ChatGPT, smodin, deepL, Dall-e, asw. ze schaffen.

Beschreiwung:
Zanter e puer Méint gëtt Kënstlech Intelligenz iwwert Internet a SocialMedia voll gehypt an ass zu engem groussen Thema an eiser Gesellschaft ginn. Mee wéi betrëfft KI eis da lo wierklech a wat kënne mir domadder ufänken? An dësem Workshop entdecke mir déi faszinant „nei Welt“ vun der KI, léiere grondleeënd Konzepter an Applikatioune kennen, gesinn eenzel Bausteng - awer och praktesch Beispiller lueden derzou a fir matzemaachen. 
Zesumme wäerte mir déi positiv, mee och déi méi negativ, Säite vu KI entdecken a kréien en éischten Zougank a méi Verständnis fir KI.

Umeldung: kontakt@mierscher-lieshaus.lu oder 32 50 23 550