Skip to contentSkip to footer
Mierscher Lieshaus

Mierscher Lieshaus
MiLi

Umellen

Ausgebucht/complet - Geschichte fir KIDS : Et rabbelt an der Broutgaass

Ausgebucht/complet - Geschichte fir KIDS : Et rabbelt an der Broutgaass

Start

16/12/2023 10:30

End

16/12/2023 11:15

Address

1. Stack Mierscher Kulturhaus

Mierscher Kulturhaus, 53 Rue Grande-Duchesse Charlotte, Mersch

Eng Kaart vu Google Maps gouf blockéiert well Dir net erlaabt hutt, datt se geluede gëtt

Wann Dir de blockéierten Inhalt luet, ginn Är Privatsphär-Astellungen ugepasst. Inhalter vun dësem Service ginn an Zukunft net méi blockéiert. Dir hutt d'Recht Är Entscheedung zu all Moment zréckzezéien oder ze änneren.

Fir méi doriwwer rauszefannen, besicht eis Dateschutzerklärung, Impressum a Cookie-Astellungen

D'Weebeschreiwung uweisen

Informatiounen

D'Liesung ass ausgebucht. Wann dir iech umellt, kommt dir op d'Waardelëscht.

D'Diane Orban an d'Myriam Karels stellen hiert neit Buch "Et rabbelt an der Broutgaass" vir.

Fir Kanner tëscht 4 an 8 Joer.
Wéini? - Samschdes, den 16. Dezember 2023 um 10h30
Wou? - Um 1. Stack vum Mierscher Kulturhaus
Gratis Entrée
Umeldung obligatoresch ënner 32 50 23 550 oder op kontakt@mierscher-lieshaus.lu

D'Bicher si bei Editions Guy Binsfeld erauskomm.

Mat der Ënnerstëtzung vum Mierscher Kulturhaus organiséiert.

Et rabbelt an der Broutgaass
Diane Orban & Myriam Karels

D’Zwillingen Emma a Georges fäerten, datt si der dëst Joer e puer ze vill gestëbst hunn. An dowéinst probéiere si alles, fir datt de Kleeschen all hir Spiichte vergësst. – Iergendwéi muss et dach geléngen, datt och si an dem Hellege Mann säi Gëllent Buch kommen. Um Enn vun hirer Rees, kréie si eppes, dat besser ass, wéi all Kaddo op Welt … Dëst Buch erzielt net nëmmen d’Geschicht vun zwee Kanner, déi dem Kleeschen säin Häerz nees fir sech gewanne wëllen, et enthält och Bakrezepter a Basteluleedungen a ville méi, fir dës besënnlech Zäit mat alle Sënner ze genéissen!