Start
18/08/2023 15:30
End
20/08/2023 22:00
Address
Mierscher Park
Stadtpark Mersch, Rue de Gosseldange, Mersch
Wann Dir de blockéierten Inhalt luet, ginn Är Privatsphär-Astellungen ugepasst. Inhalter vun dësem Service ginn an Zukunft net méi blockéiert. Dir hutt d'Recht Är Entscheedung zu all Moment zréckzezéien oder ze änneren.
Fir méi doriwwer rauszefannen, besicht eis Dateschutzerklärung, Impressum a Cookie-Astellungen
Informatiounen
Am Kader vum KOLLA X MERSCH, deen dëst Joer am Mierscher Park stattfënnt, huet d’Mierscher Lieshaus e klenge Programm mat Kannerliesungen an digitalen Aktivitéiten opgestallt.
Eis Kannerliesunge fanne samschdes a sonndes vu 15h00 un am Weidepavillon e bëssen ausserhalb vum Festivalsterrain statt, wann d’Wieder matspillt. Kommt direkt dohin oder versammelt iech bei enger Persoun aus dem Lieshaus mat engem Hiweisschëld, fir bei de Pavillon begleet ze ginn.
Et ass gratis an ouni Umeldung.
Digital Aktivitéiten:
Matmaachgeschicht
Das vergessene Buch
Klickt op follgende Link a schreift mat un der Geschicht: https://padlet.com/carlo_thimmesch/mierscher-lieshaus-tyo9w9de85ipqxvt
Schreift jeeweils just een Abschnitt.
Foto Challenge
#milifotochallenge
Maach mat bis den 20. August um 22 Auer.
Huel e Buch aus dem Bicherschaf am Mierscher Park oder däin eegent a maach domat e Bookface oder eng Foto um KOLLA X MERSCH. Setz et op Instagram a benotz den Hashtag #milifotochallenge a gewann evtl. eng Iwwerraschungstut.
Opgepasst: Fir dass mir d'Foto mam Hashtag #milifotochallenge gesinn, muss den Instagram-Account op ëffentlech agestallt sinn.
De Gewënner gëtt zoufälleg ausgewielt.
Kuckt iech och den Hashtag bookface un, fir Inspiratioun ze sammelen.
Liesungen:
Samschden, 19. August
Kannerliesung “De Laachmännchen” vum Manon Della Siega
15h00 Lëtzebuergesch
15h30 Franséisch
Fir Kanner vu 4 Joer un an hir Begleetpersounen
No der Liesung kréien d’Kanner e Bild vum Laachmännchen, dat si faarweg mole kënnen.
De Laachmännchen: De Männchen, deen d’Leit laachen deet.
Et war eemol e klenge Männchen, dee war esou schéi giel ewéi d’Sonn. Mee en huet dauernd eng déck Schëpp geschnidden. Firwat nëmmen? A wisou huet ëmmer jiddereen ugefaange mat Laachen, wann eise Männchen iergendwou opgedaucht ass? Entdeckt d’Geschicht vum Laachmännchen, dem Männchen, deen d’Leit laachen deet.
Sonnden, 20. August
Geschichten iwwert d’Natur vun der Geschichtenerzielerin Melissa
All hallef Stonn vu 15h00 (éischt Erzielung) bis 17h00 (lescht Erzielung)
Op Lëtzebuergesch
Fir Familljen
Bréngt är Picknickdecke mat a loosst iech verféieren an d’Welt vun den Zaubermärercher a Naturgeschichten. Erlieft, wat Wonnerwiesen, grouss a kleng Déieren, Beem, Zwergen a Risen iech ze erzielen hunn.
Weider Informatiounen ënner kontakt@mierscher-lieshaus.lu oder op 32 50 23 550.
Kolla
Gemeng Miersch