Start
20/08/2023 15:00
End
20/08/2023 17:30
Address
Mierscher Park
Stadtpark Mersch, Rue de Gosseldange, Mersch
Wann Dir de blockéierten Inhalt luet, ginn Är Privatsphär-Astellungen ugepasst. Inhalter vun dësem Service ginn an Zukunft net méi blockéiert. Dir hutt d'Recht Är Entscheedung zu all Moment zréckzezéien oder ze änneren.
Fir méi doriwwer rauszefannen, besicht eis Dateschutzerklärung, Impressum a Cookie-Astellungen
Dokumenter
Informatiounen
Am Kader vum KOLLA X MERSCH, deen dëst Joer am Mierscher Park stattfënnt, huet d’Mierscher Lieshaus e klenge Programm mat Kannerliesungen an digitalen Aktivitéiten opgestallt.
Eis Kannerliesunge fanne samschdes a sonndes vu 15h00 un am Weidepavillon e bëssen ausserhalb vum Site statt. Kommt direkt dohin oder versammelt iech bei enger Persoun aus dem Lieshaus mat engem Hiwäisschëld, fir bei de Pavillon begleet ze ginn.
Geschichten iwwert d’Natur vun der Geschichtenerzielerin Melissa
Sonnden, 20. AugustÂ
ënnert dem Weidepavillon
All hallef Stonn vu 15h00 (éischt Erzielung) bis 17h00 (lescht Erzielung)
Op Lëtzebuergesch
Fir Familljen
Bréngt är Picknick-Decke mat a loosst iech verféieren an d’Welt vun den Zaubermärercher a Naturgeschichten. Erlieft, wat d’Wonnerwiesen, grouss a kleng Déieren, Beem, Zwergen a Risen iech ze erzielen hunn.
Et ass gratis an ouni Umeldung.
Weider Informatiounen ënner kontakt@mierscher-lieshaus.lu oder 32 50 23 550.