Ausgebucht/complet - Geschichte fir KIDS - Luc Marteling

Ausgebucht/complet - Geschichte fir KIDS - Luc Marteling

Datum

10/06/2023

Zäit

10h30 - 11h30

Spillort

1. Stack Mierscher Kulturhaus

Mierscher Kulturhaus Asbl, 53 Rue Grande-Duchesse Charlotte, Mersch

Eng Kaart vu Google Maps gouf blockéiert well Dir net erlaabt hutt, datt se geluede gëtt

Wann Dir de blockéierten Inhalt luet, ginn Är Privatsphär-Astellungen ugepasst. Inhalter vun dësem Service ginn an Zukunft net méi blockéiert. Dir hutt d'Recht Är Entscheedung zu all Moment zréckzezéien oder ze änneren.

Fir méi doriwwer rauszefannen, besicht eis Dateschutzerklärung, Impressum a Cookie-Astellungen

Informatiounen

De Luc Marteling liest vir: Wéi een e Reebou fänkt & De Kueb Kuiitsch traut sech! (a wann nach Zäit ass, een drëtt Buch)

Wéini? - Samschdes, den 10. Juni 2023 um 10h30

Wou? - Um 1. Stack vum Mierscher Kulturhaus

Gratis Entrée

Umeldung obligatoresch ënner 32 50 23 550 oder op kontakt@mierscher-lieshaus.lu

Déi zwee Bicher si bei Kremart Edition op Lëtzebuergesch erasukomm an de Luc Marteling ass den Iwwersetzer.

Wéi een e Reebou fänkt
Naomi Jones (Text), Ana Gomez (Illustratiounen)
D’Frutz huet Reebéi immens gär. Et ass frou mat hire blénkege Faarwen a mat hire geschwongene Formen. Méi wéi alles anescht wënscht et sech, datt et selwer een hätt. Dofir wëll et ee fänken – et gëtt eng Reebou-Fänkesch! Villes leeft dobäi awer net esou wéi geduecht an d’Frutz ka sech säi Wonsch just mat Kreativitéit a mat Virstellungskraaft erfëllen …

De Kueb Kuiitsch traut sech!
Manfred Mai (Text), Henning Löhlein (Zeechnungen)
De Kuiitsch ass net wéi déi aner Kueben aus senger Famill. Seng Bridder Kuatsch a Kuätsch léiere fléien a maache grouss Ausflich, wéi et sech fir Kuebekanner gehéiert. De Kuiitsch awer, dee bleift léiwer doheem am Nascht a kuckt hinne vu Wäitem no. Seng Eltere maache sech vill Suergen: Wat soll nëmmen aus deem klenge Kueb ginn? Um Enn weist de Kuiitsch awer jidderengem, wat hie kann. Hien huet nämlech en extrat Talent … well fléie kann dach schliisslech all Kueb!