Start
18/03/2023 10:30
End
18/03/2023 11:15
Address
1. Stack vum Mierscher Kulturhaus
Mierscher Kulturhaus, 53 Rue Grande-Duchesse Charlotte, Mersch
Wann Dir de blockéierten Inhalt luet, ginn Är Privatsphär-Astellungen ugepasst. Inhalter vun dësem Service ginn an Zukunft net méi blockéiert. Dir hutt d'Recht Är Entscheedung zu all Moment zréckzezéien oder ze änneren.
Fir méi doriwwer rauszefannen, besicht eis Dateschutzerklärung, Impressum a Cookie-Astellungen
Dokumenter
Informatiounen
Complet
D'Liesung ass komplett ausgebucht. Wann Dir Iech nach umellt, kommt Dir op d'Liste d'attente.
D'Martine Schoellen stellt zwou Geschichte vir: Déi dräi Béis & Keen ze vill um Biesemstill.
Wéini? - Samschdes, den 18. Mäerz 2023 um 10h30
Wou? - Um 1. Stack vum Mierscher Kulturhaus
Gratis Entrée
Umeldung obligatoresch ënner 32 50 23 550 oder op kontakt@mierscher-lieshaus.lu
Déi zwee Bicher si bei Editions Guy Binsfeld op Lëtzebuergesch erasukomm. Den Text ass vum Julia Donaldson, mat Biller vum Axel Scheffler an der Iwwersetzung vum Martine Schoellen.
Déi dräi Béis
All gudder DĂ©ng sinn dräi an dofir dreiwen an dĂ«sem Buch net just een, mee gläich dräi BĂ©iser hiert Onwiesen. Den Troll, d’Hex an de Geescht, ee mĂ©i onmanĂ©ierlech, ongeheierlech a schrecklech wĂ©i deen aneren. Fir erauszefannen, wie vun deenen dräi da wierklech de BĂ©isten ass, fuerdert dĂ©i kleng wäiss Maus si eraus: Wie packt et, dem Meedche säi blo getĂ«ppelt Schnappech ze schuppen? Den Troll versicht et ze erschrecken, de Geescht geeschtert an d’Hex probĂ©iert et mat hannerlĂ«schtegen Zaubertricken. Mee esou sĂ©ier lĂ©isst sech d’Meedchen net vun hire schlechte ManĂ©iere beandrocken…Â
Keen ze vill um Biesemstill
Keen ze vill um Biesemstill erzielt vun enger Hex, déi mat hirer Kaz op eng Rees geet. Ënnerwee op hirem Biesem, léiere si vill verschidde Wiese kennen. Jiddwereen ass bei der Hex wëllkomm a séier gewënnt si nei Frënn! Zesummen erliewe si vill Opreegendes, mee kënne si sech och a schwierege Momenter openee verloossen?