Start
21/01/2023 10:30
End
21/01/2023 11:15
Address
1. Stack Mierscher Kulturhaus
Mierscher Kulturhaus, 53 Rue Grande-Duchesse Charlotte, Mersch
Wann Dir de blockéierten Inhalt luet, ginn Är Privatsphär-Astellungen ugepasst. Inhalter vun dësem Service ginn an Zukunft net méi blockéiert. Dir hutt d'Recht Är Entscheedung zu all Moment zréckzezéien oder ze änneren.
Fir méi doriwwer rauszefannen, besicht eis Dateschutzerklärung, Impressum a Cookie-Astellungen
Informatiounen
De Marc Weydert stellt seng Verdruddelt Geschichten vir.
Wéini? - Samschdes, den 21. Januar 2023 um 10h30
Wou? - Um 1. Stack vum Mierscher Kulturhaus
Gratis Entrée
Umeldung obligatoresch ënner 32 50 23 550 oder op kontakt@mierscher-lieshaus.lu
Verdruddelt Geschichten ass bei PersPektiv Editions erauskomm, mat Text vum Marc Weydert an Illustratioune vum Marie-Isabelle Callier.
Beschreiwung:
An esou war et emol ...
... oder et kéint och anescht gewiescht sinn ... an de Verduddelte Geschichten... fir all Alter.
A wa mer de Wollef mol eng Kéier géife schwätze loossen?
Oder wann de Kueb dës Kéier probéiere géif, seng Revanche um Fuuss ze huelen?
A wann de Prënz um Enn mol eng Kéier keng Prinzessin kréich?
D’Verdruddelt Geschichten huelen eis a Versform, mat enger gesonder Portioun Humor an enger Rëtsch vläicht an de Vergiess gerodene Lëtzebuerger Ausdréck mat an d’Welt vum Märchen, der Fabel an der Seechen.
Mä passt op, dës Kéier kéint de Schluss aneschters sinn ewéi gewinnt!