Start
19/01/2023 19:30
End
19/01/2023 21:30
Address
Centre National de Littérature
Centre national de littérature - Lëtzebuerger Literaturarchiv, 2 Rue Emmanuel Servais, Mersch
Wann Dir de blockéierten Inhalt luet, ginn Är Privatsphär-Astellungen ugepasst. Inhalter vun dësem Service ginn an Zukunft net méi blockéiert. Dir hutt d'Recht Är Entscheedung zu all Moment zréckzezéien oder ze änneren.
Fir méi doriwwer rauszefannen, besicht eis Dateschutzerklärung, Impressum a Cookie-Astellungen
Dokumenter
Informatiounen
Vill Kaméidi fir näischt?
Eng wëllromantesch kabarettistesch-literaresch Liesung vun a mam Roland Meyer
Et si schaardeg Zäiten an d'Zukunft gëtt ëmmer méi grimmeleg am räichste Land vun der Welt. Mee et ass een ëmmer nëmmen esou räich wéi ee sech fillt.
Lëtzeburg, oh du eist butzegt-klengt Bommeleeër-Kachkéis-a-Superjhemp-Ländchen, an deem d'Rief laanscht d'Mousel verdiert, d'Sauer duerch d'Fielse just nach rënnt an d'Wunnengspräisser duerch de Plafong balleren.
Déi eng déi wëllen dech net opginn, déi aner loossen hieren Dreck um Stauséi trëllen a villen sinn d'Corona-Aschränkungen over the top gewiescht.
Apropos top, wéi steet et eigentlech mat eiser Sproch a wat geschitt, wann alles weider alt méi deier gëtt?
De Roland Meyer analiséiert mat vill Kaméidi a Gedäisch an net ouni eng uerdentlech Portioun Roserei den aktuellen Zoustand vun der Natioun a wonnert sech zerguddst, wéi héich de Quecksëlver an der Tëschenzäit scho geklotert ass.
Organiséiert vum CNL a vum Mierscher Lieshaus
den 19. Januar 2023 um 19h30 am CNL
fräi Entrée, keng Umeldung néideg
Kuckt och op der Säit vum CNL