Skip to contentSkip to footer
Mierscher Lieshaus

Mierscher Lieshaus
MiLi

Umellen

Lët'z druddel! - eng kabarettistesch Liesung vum Marc Weydert (LU)

Lët'z druddel! - eng kabarettistesch Liesung vum Marc Weydert (LU)

Start

11/12/2024 19:30

End

11/12/2024 20:40

Address

2. Stack Mierscher Lieshaus

Mierscher Lieshaus, 55 Rue Grande-Duchesse Charlotte, Mersch

Eng Kaart vu Google Maps gouf blockéiert well Dir net erlaabt hutt, datt se geluede gëtt

Wann Dir de blockéierten Inhalt luet, ginn Är Privatsphär-Astellungen ugepasst. Inhalter vun dësem Service ginn an Zukunft net méi blockéiert. Dir hutt d'Recht Är Entscheedung zu all Moment zréckzezéien oder ze änneren.

Fir méi doriwwer rauszefannen, besicht eis Dateschutzerklärung, Impressum a Cookie-Astellungen

D'Weebeschreiwung uweisen

Informatiounen

Lët'z druddel!
eng kabarettistesch Liesung vum a mam Marc Weydert

Wéini? - Mëttwoch, 11. Dezember2024 um 19h30 (ca. 70 Minutten)
Wou? - Um 2. Stack vum Mierscher Lieshaus (kee Lift)

Gratis Entrée
Umeldung obligatoresch ënner 32 50 23 550 oder op kontakt@mierscher-lieshaus.lu

Beschreiwung
« Lët’z druddel! » ass eng kabarettistesch Liesung vum a mam Marc Weydert. A sengen Texter spillt den Diplompädagog a Musiker mat der Lëtzebuerger Sprooch, kroomt or alt emol e puer méi al Ausdréck ervir a suergt esou fir lëschteg 70 Minutte voll mat Humor an Ironie.

Ugefaangen huet alles mam Buch « Verdruddelt Geschichten », verdréinten Erzielungen op Lëtzebuergesch an a Versform, fir dat de Marc Weydert zesumme mat der Illustratrice Marie-Isabelle Callier 2021 mat engem 1. Präis beim Concours littéraire national belount gouf.
Duerno koumen « Zerknujelt Geschichten » (Abrëll 2023) an « Alarm am Geessenhaus » (September 2024) fir Kanner derbäi.
Den Auteur geet och mat senger kabarettistescher Liesung fir Erwuessener op den Tour. An enger décker  Stonn presentéiert hie seng Texter, op Lëtzebuergesch, a Versform, a Verbindung mat bekannte Wierker aus der Literatur, awer och mat der Aktualitéit an der Gesellschaft, dat Ganzt mat engem staark ironeschen Ënnertoun. Begleet ginn d’Texter deelweis vun Illustratioune vum Marie-Isabelle Callier.