Skip to contentSkip to footer
Mierscher Lieshaus

Mierscher Lieshaus
MiLi

Umellen

(Complet) Geschichte fir Kids: "Den Här Äschtchen" & "Den Jonti Gentoo" (ab 4 Joer, LU)

(Complet) Geschichte fir Kids: "Den Här Äschtchen" & "Den Jonti Gentoo" (ab 4 Joer, LU)

Start

07/12/2024 10:30

End

07/12/2024 11:15

Address

1. Stack Mierscher Theater

MIERSCHER THEATER, 53 Rue Grande-Duchesse Charlotte, Mersch

Eng Kaart vu Google Maps gouf blockéiert well Dir net erlaabt hutt, datt se geluede gëtt

Wann Dir de blockéierten Inhalt luet, ginn Är Privatsphär-Astellungen ugepasst. Inhalter vun dësem Service ginn an Zukunft net méi blockéiert. Dir hutt d'Recht Är Entscheedung zu all Moment zréckzezéien oder ze änneren.

Fir méi doriwwer rauszefannen, besicht eis Dateschutzerklärung, Impressum a Cookie-Astellungen

D'Weebeschreiwung uweisen

Informatiounen

Geschichte fir Kids
Den Här Äschtchen & Den Jonti Gentoo
virgestallt vum Martine Schoellen

Fir Kanner vu 4 Joer un.
Wéini? - Samschdes, de 07. Dezember 2024 um 10h30 (45 Minutten)
Wou? - Um 1. Stack vum Mierscher Theater (fir an d'Gebai eran ginn et Trapen, bannen ass ee Lift)
Gratis Entrée
Umeldung obligatoresch ënner 32 50 23 550 oder op kontakt@mierscher-lieshaus.lu

Mat der Ënnerstëtzung vum Mierscher Theater organiséiert.

[LU] Et ass eng Veranstaltung fir Familljen an d’Kanner solle vun engem Erwuessene begleet ginn. D’Mierscher Lieshaus iwwerhëllt keng Responsabilitéit fir d’Kanner.
[FR] Il s'agit d'un événement familial et les enfants doivent être accompagnés d'un adulte. Le Mierscher Lieshaus n'assume pas la responsabilité pour les enfants.
[EN] This is a family event and children should be accompanied by an adult. The Mierscher Lieshaus assumes no responsibility for the children.

D'Bicher sinn op Lëtzebuergesch bei Éditions Guy Binsfeld erauskomm.

Den Här Äschtchen
Axel Scheffler (Ill.), Julia Donaldson (Text), Martine Schoellen (Iwwersetzung)
D’Liewen ass net einfach fir den Här Äschtchen, dee stänneg mat engem hondsgewéinleche Bengel verwiesselt gëtt. Hie wëll moies just seng kleng Ronn dréien, wéi hien ënnerwee eng sëlleg geféierlech Aventuren erlieft, déi hie wäit ewech vun doheem féieren …
Ma esou séier gëtt hien net op, fir de Wee zeréck bei seng Famill ze fannen an um Enn kritt hien zauberhaft Hëllef. Déi faarweräich Illustratioune si wéi gewinnt vum Axel Scheffler an den Originaltext, deen d’Martine Schoellen an d’Lëtzebuergescht iwwerdroen huet, staamt vum Julia Donaldson. 

Den Jonti Gentoo
Axel Scheffler (Ill.), Julia Donaldson (Text), Martine Schoellen (Iwwersetzung)
Den Jonti Gentoo erzielt d’Geschicht vun engem klenge Pinguin, dee mat vill Courage am Gepäck ronderëm d’ganz Welt reest, ëmmer mat engem festen Zil virun Aen. De virwëtzegen Jonti schläicht sech nuets aus dem Zoo, nodeems seng Tattaen him vum Südpol erzielen, wou nach ganz vill aner Gentoo-Pinguinen, sou wéi hien, wunnen. Fir hie steet fest, hie muss dohinner. Dobäi hätt den Jonti awer net erwaart, dass hie sech bei senger Sich op de Wee an d’Abenteuer vu sengem Liewe mécht – wou net just Geforen op hie laueren, mee och nei Frëndschaften entstinn.
Packt hien et bis bei dee Pol ze watschelen, vun deem hie gezielt krut?