Interaktive Virtrag: Kënschtlech Intelligenz - wann dach ee mir dat erkläre kéint...

Interaktive Virtrag: Kënschtlech Intelligenz - wann dach ee mir dat erkläre kéint...

Start

24/09/2024 19:30

End

24/09/2024 21:00

Address

2. Stack Mierscher Lieshaus

Mierscher Lieshaus, 55 Rue Grande-Duchesse Charlotte, Mersch

Informatiounen

Kënschtlech Intelligenz - wann dach ee mir dat erkläre kéint...
En interaktive Virtrag mam Mediepedagog Carlo Thimmesch


Kënschtlech Intelligenz (KI) begéint eis op Schratt an Tratt - mol ganz offensichtlech, mol e bësse méi verstoppt a ganz oft erkennt ee si mol net! Mee wat genau ass KI eigenjtlech a wéi funktionéiert se? Wéi kann ee se notzen? Wou lauere Geforen?

An dësem Virtrag, dee speziell fir d’Lieserinnen a Lieser aus dem Mierscher Lieshaus ugebuede gëtt, entdeckt Dir déi faszinant „nei Welt“ vun der KI. 

Dir léiert net nëmmen d'Grondkonzepter an Uwendunge kennen, mee gesitt och, wéi grouss den Afloss vu KI op eis elo schonns ass a wéi KI eis Literatur, Konscht, Musek, .... bref, eis ganz Kultur verännert huet. 

Eenzel Bausteng a praktesch Beispiller lueden derzou an, fir aktiv matzemaachen a beliichten déi spannend, mee och déi méi kritesch, Säite vun der KI. 

Wann Dir en éischt Versteesdemech fir dës Technologie kréien an den Uschloss un déi ëmmer méi digital Welt net verpasse wëllt, dann ass dëse Virtrag genee richteg fir Iech. 

De Virtrag ass op Lëtzebuergesch.
Donneschdes de 24. September vun 19h30 bis ongeféier 21h00.
Um 2. Stack vum Mierscher Lieshaus (kee Lift)