Start
28/09/2024 10:30
End
28/09/2024 11:45
Address
Facility_1
Informatiounen
Zauberkraaft vun de Geschichten erliewen
mat der Geschichtenerzielerin Melissa
Wéini? - Samschdes, den 28. September 2024 vun 10h30 bis 11h45
Wou? - Um 2. Stack vum Mierscher Lieshaus (kee Lift)
Fir Kanner vu 6 Joer un.
Gratis Entrée
Umeldung op kontakt@mierscher-liehsaus.lu oder 32 50 23 550
Bichertosch (10h30 - 11h00)
Bréng e Buch, dat s du net méi wëlls, en anert Kand kann nach vill Freed domat hunn.
Wichteg: D’Buch muss a gudden Zoustand sinn!
D’Wallis vun der Geschichtenerzielerin waart op dech. Do si vill Bicher dran a do ass sĂ©cher eent derbäi, dat dir gefält.Â
Du hëls dat Buch mat bis d’Erzielerin mat hirer Wallis eng nächste Kéier nees am Lieshaus oder soss enzwousch ass.
Geschichten (11h00-11h45)
A well Geschichte lauschteren esou eppes Flottes ass, erzielt d’Melissa dir deen Dag Geschichten, déi hir besonnesch um Häerz leien.
Bichertosch: vun 10:30 u bis 11:00 Auer
Geschichten: vun 11:00 bis 11:45 Auer