Start
20/04/2024 10:30
End
20/04/2024 11:15
Address
1. Stack Mierscher Kulturhaus
Mierscher Kulturhaus, 53 Rue Grande-Duchesse Charlotte, Mersch
Wann Dir de blockéierten Inhalt luet, ginn Är Privatsphär-Astellungen ugepasst. Inhalter vun dësem Service ginn an Zukunft net méi blockéiert. Dir hutt d'Recht Är Entscheedung zu all Moment zréckzezéien oder ze änneren.
Fir méi doriwwer rauszefannen, besicht eis Dateschutzerklärung, Impressum a Cookie-Astellungen
Informatiounen
Den Tullio Forgiarini stellt säi Buch "Bonnie" vir.
Fir Kanner vun 3 Joer un.
Wéini? - Samschdes, den 20. Abrëll 2024 um 10h30
Wou? - Um 1. Stack vum Mierscher Kulturhaus
Gratis Entrée
Umeldung obligatoresch ënner 32 50 23 550 oder op kontakt@mierscher-lieshaus.lu
Mat der Ënnerstëtzung vum Mierscher Kulturhaus organiséiert.
D'Buch ass beim Kremart Verlag erauskomm.
Bonnie
D’Bonnie kann net schlofen. Et langweilt sech. A soss ass kee waakreg am Haus. Oder? D’Bonnie mécht sech op d’Sich no de Monsteren aus der Nuecht, fir mat hinnen … ze spillen! Well d’Bonnie fäert keng Monsteren. Fäerten, dat ass just eppes fir Erwuessener!
Nuets gutt schlofen … dat klappt net ëmmer. Bonnie probéiert, mat Sensibilitéit, Fantasie an e bëssen Humor d’Angscht virun der Däischtert ze meeschteren. Net nëmme fir Kanner.