Adventsfënster am Makerspace zu Lëntgen


11 December 2023

Zu Lëntgen am Makerspace fannt dir am Moment d'Mierscher Lieshaus Adventsfënster. ????????‍????????????❄️
Kuckt iech d’Wanterlandschaft un oder scannt ee vu 6 QR-Coden, fir e Kannerbuch passend zu de Feierdeeg virgestallt ze kréien. Wann dir inspiréiert gi sidd, kënnt dir och an d’Mierscher Lieshaus kommen an déi Bicher - oder anerer - ausléinen oder op der Plaz liesen.
 
Dir hutt keng Méiglechkeet, bis beim Makerspace laanschtzekommen? Kee Problem: An den nächsten Deeg wäerte mir iech och hei weisen, wat sech hannert de QR-Codë verstoppt. Haalt einfach eis Websäit oder eis Sozial Medien am Bléck.