Lesetipp Claudine Muno


10 March 2023

Claudine Muno

D’Schrëftstellerin a Musekerin Claudine Muno ass 1979 zu Lëtzebuerg gebuer ginn. 1996 huet si mat 16 Joer hiren éischte Roman “The Moon of the Big Winds” an englescher Sprooch publizéiert. Säitdeem huet si 16 weider Romaner an dräi Sprooche publizéiert, dorënner “Komm net kräischen” oder “esou, wéi et net war”. D’Sproochen, op déi si bis elo zeréckgegraff huet, sinn Däitsch, Englesch a Lëtzebuergesch. Am Laf vun hirer Carrière huet d’Claudine Muno bei villen Zäitschrëfte matgehollef a verschidde Präisser gewonnen, dorënner de Prix Servais, zweemol de Concours littéraire national an zweemol de Lëtzebuerger Buchpräis.

 

Quell:

Claude D. Conter/Ludivine Jehin, « Claudine Muno », sous : https://www.autorenlexikon.lu, mise à jour du 30.01.2023