Chamber-Kulturkommissioun besicht déi Mierscher Bibliothéik

Am Januar 2010 hun d’Membere vun der Chamber-Kulturkommissioun d’Mierscher Lieshaus besicht.

Si goufen empfaangen vum Präsident vun der a.s.b.l. „Mierscher Lieshaus“, dem Claude Adam, der Coordinatrice, Angelika Bräutigam a vum Eliane Arendt, Receptionistin am Lieshaus.

Memberen vun der Kulturkommissioun wollten sech am Kader vum neien geplangten Gesetz fir Bibliothéiken No 6026 iwwert den Fonctionnement vun enger Ëffentlecher Bibliothéik informéieren.

Nodeems si déi Raimlechkeeten gekuckt haten, gouf et en interessanten Meenungsaustosch mat den Representanten vun den Bibliothéiken vu Miersch, Vianden an Esch-sur-Alzette.

Zum Ofschloss hu Memberen vun der Kulturkommissioun nach all an’d Aktivitéite-Buch vum Lieshaus geschriwwen- si waren impressionéiert net nëmmen vun den schéine Raimlechkeete an der agreabeler Atmosphär am Lieshaus, mä och vun der Aktualitéit vun de Bicher a Lauschterbicher (CDën).